fbpx

 

INTERIEUR DECOR - LE COUTURIER DE LA CUISINE ass eng lëtzebuergesch Entreprise.

Kiche sinn eis Passioun. Viru méi wéi 40 Joer huet den Emile Engel dat éischt exklusivt Kichegeschäft hei zu Lëtzebuerg opgebaut.

Wéi de Papp - sou de Jong: den Andy Engel, mat de Kiche grouss ginn, lo grouss an de Kichen, iwwerhëlt an der zweeter Generatioun dat exklusivt Kichegeschäft zu Bäreldeng, 204, route de Luxembourg.




 

Eis Stäerkten:

- héichqualifizéiert Mataarbechter
- eng eege Montageéquipe mat laanger Erfahrung
- eng ganz genau Planung
- eng modern a grouss Ausstellung
- eng super Kichequalitéit zu interessante Präisser
- einfach ze fannen
- Parkplatzen direkt virun der Dier

 

 

 

chateau

Eisen Erfolleg baséiert op attraktiven Offeren an absoluter Topqualitéit.
Déi typesch Kiche vun INTERIEUR DECOR - LE COUTURIER DE LA CUISINE ass ebe wäit méi wéi 
nëmmen iergendeng Abaukichen.

Eist Ziel ass een absolut zefriddene Client, deen eis aus Iwwerzeegung recommandéiert.

 

Mir hunn eent zweet Geschäft a Frankräich (Metz), vu wou mir exklusiv Kichen an déi grouss Wéngerte vu Bordeaux (z.B. Château de Fieuzal) oder a Vakanzenhaiser an d'Bretagne an un d'Côte d'Azur liwweren.

 

 

 

 

Eis Partner:

 

"